E kulinarescht Erliefnis op Rieder
Den Drotiesel ass net just eng Kichen – et ass e richtegen „Eyecatcher“.
Egal ob am Gaart, op enger Betribsfeier oder bei ärer Hochzäit – iwwerall bréngt en authentesche Charme, lackeleg Geréch an eng aluedend Atmosphär mat sech.

Fir All Geleeënheet
Egal wéi e Genre vun Event – mir passen eis Offer un är Wënsch un:
vu séisse Crêpen an häerzhafte Galetten iwwer saisonal Spezialitéiten, kill a fancy Gedrénks bis hin zu gudde Kaffi- an Téi-Varianten, oder aneren Alternativen, déi mir ganz no äre Wënsch zesummestellen.

Privat Eventer
Gebuertsdeeg, Familljefeieren, Gaardepartyen, …

Hochzäiten
Elegant, romantesch oder rustikal – Den Drotiesel passt sech Ärem Event perfekt un. Dir kommt grad aus der Gemeng oder aus der Kierch eraus? Feiert direkt mat äre Gäscht – mir sti prett mat Gedrénks a klenge Snacke fir de Moment nach méi speziell ze maachen.

Firmen-Eventer
Chrëschtfeieren, Teambuildingen, Afterwork, Produkt-Presentatiounen…
Perséinlech fir Iech
All Event ass eenzegaarteg – an esou ass och eise Service.
Sot eis, wat dir iech virstellt, a mir maachen et méiglech:
kleng a gemittlech, grouss a festlech, vegan, bio, regional oder glutefräi – näischt ass onméiglech!
Loosst eis zesummen äre perfekten Den Drotiesel-Moment schafen.
Kontaktéiert eis einfach – mir maachen iech gär eng perséinlech Offer, déi zu ärem Stil, äre Gäscht an ärem Budget passt.

Panescher
Veggie Optioun

Hamburger
Veggie Optioun

Apéro
Veggie Optioun

Glühwäin
Veggie Optioun
