Den Drotiesel ass net just eng Kichen – et ass e richtegen „Eyecatcher“. Egal ob am Gaart, op enger Betribsfeier oder bei ärer Hochzäit – iwwerall bréngt en authentesche Charme, lackeleg Geréch an eng aluedend Atmosphär mat sech.
Fir All Geleeënheet
Egal wéi e Genre vun Event – mir passen eis Offer un är Wënsch un: vu séisse Crêpen an häerzhafte Galetten iwwer saisonal Spezialitéiten, kill a fancy Gedrénks bis hin zu gudde Kaffi- an Téi-Varianten, oder aneren Alternativen, déi mir ganz no äre Wënsch zesummestellen.
Privat Eventer
Gebuertsdeeg, Familljefeieren, Gaardepartyen, …
Hochzäiten
Elegant, romantesch oder rustikal – Den Drotiesel passt sech Ärem Event perfekt un. Dir kommt grad aus der Gemeng oder aus der Kierch eraus? Feiert direkt mat äre Gäscht – mir sti prett mat Gedrénks a klenge Snacke fir de Moment nach méi speziell ze maachen.
All Event ass eenzegaarteg – an esou ass och eise Service. Sot eis, wat dir iech virstellt, a mir maachen et méiglech: kleng a gemittlech, grouss a festlech, vegan, bio, regional oder glutefräi – näischt ass onméiglech! Loosst eis zesummen äre perfekten Den Drotiesel-Moment schafen. Kontaktéiert eis einfach – mir maachen iech gär eng perséinlech Offer, déi zu ärem Stil, äre Gäscht an ärem Budget passt.